An enger Woch ass d‘Péngschtvakanz a fir all déi, déi net am Ausland ënnerwee sinn, ass de Kannermusée Plomm zu Wolz do. An der Schoulvakanz ass do nämlech eng gréisser Offer fir Privatleit an och Maison-relaisen. Fir extra Ofwiesslung ass an där Woch och e Grupp vu Kënschtler:innen op der Plaz, déi e Spektakel an Atelier fir d’Kanner maachen.
D’Manon Eicher vum Kannermusée Plomm gëtt weider Informatiounen. (www.plomm.lu)