Am Virfeld vum Rendez-vous Bénévolat 60+ vum 9. bis 11. Abrëll an engem Shoppingzenter zu Bartreng, stellt de GERO 12 Servicer vir, déi eng grouss Diversitéit u Benevolatsprojeten ofdecken.
Interesséiert Persoune kënnen direkt mat Benevollen a Responsabelen a Kontakt kommen, Froe stellen an erausfannen, wéi si sech engagéiere kënnen. Dëst ass eng gutt Geleeënheet fir Projete wéi d’Wonschkutsch oder de Silver-Expert-Programm besser kennenzeléieren. Vill Froen, déi ronderëm Benevolat opkommen - zum Beispill iwwer Zäitopwand, Formatiounen oder Assurance kënnen do direkt gekläert ginn.
Explikatioune mam Alain Brever Direkter vum Gero Kompetenzzenter fir den Alter