"FLUX² - Innovative Sturzprophylaxe", elo kënnt de richtegen Training.
Am Projet gëtt getest, wéi effikass en innovativen Trainingsparcours ass, dee Kraaft, Gläichgewiicht, Motorik, Visioun a Cognitioun kombinéiert. Am Verglach zu der éischter Editioun gëtt de Risiko méi individuell analyséiert. D’Participanten huelen un engem Training deel a ginn dobäi professionell encadréiert. Zousätzlech ginn Informatiounsversammlunge organiséiert. De Projet gëtt a Kooperatioun mat Universitéiten a Sport- a Gesondheetsexperten ëmgesat.
Explikatioune mam Alain Brever Direkter vum GERO - Kompetenzzenter fir den Alter