Vum 9. bis den 11. Abrëll 2026 stellen ASBLen a Servicer hir Benevolatsmissiounen op enger Zort Foire an engem Shoppingzenter zu Bartréng vir. D’Zil ass et Visibilitéit ze schafen an e perséinleche Kontakt mat Interesséierten ze erméiglechen. Am Fokus steet virun allem den associative Benevolat, mat konkreete Missiounen an engem gudden Encadrement. Formatiounen, Teamgeescht a kleng Valoriséierunge spille fir vill Benevoller eng wichteg Roll.
Am Kontext vum demographesche Wandel gëtt kloer, datt besonnesch pensionéiert Leit eng wichteg Ressource fir d’Gesellschaft sinn a jidderee sech no sengem Rhythmus engagéiere kann.
Explikatioune mam Alain Brever, Direkter vum Gero