Am Urban Sketching Workshop “Schule des Sehens“ léieren d’Participanten hir Ëmwelt op eng bewosst a kreativ Aart a Weis ze gesinn a se mam Zeechenstëft anzefänken. D’Jill Ries, Architektin, weist, wéi een dat Zesummespill tëschent A an Hand bewosst trainéiert a wéi ee mat e puer einfache Strécher dat Observéiert op d’Blat bréngt.
Dee ronn zwou Stonne laange Workshop ass ëmmer op neie Plaze queesch duecht d'Land a riicht sech u Jugendlecher a Erwuessener - egal ob een nach ni gezeechent huet, seng Technik verbessere wëllt oder einfach mat enger neier Technik experimentéiere wëllt. Déi meditativ Wierkung vum Zeechnen, souwéi de Spaass stinn dobäi ëmmer am Fokus.
De Workshop ass gratis, mee d’ErwuesseBildung freet sech ëmmer iwwer eng kleng Spend.
📧 Info & Umeldung: info@ewb.lu
🌐 Méi Informatioun: www.ewb.lu
Coaching: Jill Ries - Architektin & Fotografin