Wéi kann ee mat enger Behënnerung esou liewen, wéi een et selwer wëllt?
Mënsche mat enger Behënnerung kënnen an enger eegener Wunneng liewen - an der Mëtt vun der Gesellschaft an dat och am Regimm vum Logement abordable.
Dat ass d’Iddi vum Projet “Autonoomt Wunne fir Mënsche mat enger Behënnerung“, dee sech un d’Promoteur-sociauen a Gestionnairen aus dem Beräich vun der Behënnerung an der Inclusioun riicht.
Invité ass de Sascha Lang, Agent de Communication a Member vun der Unité PAN am Ministère de la Famille.
Méi Informatioune fannt Dir op www.inclusion.lu.
Glossaire - Conférence et appel à projets “Logement autonome pour personnes en situation de Handicap” - Logement.lu