De Projet PAC, dat steet fir Passage als Chance vum GERO invitéiert op en After Work Life Balance Workshop, de 4. Mäerz 2026. Et ass eng Serie vun 3 Atelieren.
An enger gemittlecher After-Work-Atmosphär huelen ausgebillten Pensiounscoachen sech Zäit, fir iwwer d'Iwwergäng am Liewen nozedenken – berufflech, perséinlech oder am Kontext vum al ginn.
an et steet d'Fro am Raum, wéi kënne Verännerungen och eng Chance sinn?
De Projet PAC begleet Mënschen an dëse Phasen a setzt op Austausch, Reflexioun a gemeinsam Iddien. déi dri Workshope sinn déikéier op Franséisch. Explikatioune vum Alain Brever, Direkter vum Gero Kompetenzzenter fir den Alter.