Mir ginn dagdeeglech mat Informatiounen, Fakten, Meenungen a bewosste Falschmeldungen bombardéiert. Soubal een en Ecran virun der Nues huet, kënnt ee quasi net méi dolaanscht. Mat der Kënschtlecher Intelligenz ass et ëmsou méi einfach ginn, fir visuellen an auditive Kontent authentesch ze fälschen. Bei dësem Workshop beschäftege mer eis mat de verschiddene Forme vun der Desinformatioun a wéi déi digital Tools fir dës Zwecker agesat ginn.
An der EwB ass et eis wichteg, net eleng d’Notze vun de Medien an de Virgrond ze stellen, mee ëmmer och eng kritesch Betruechtung vun den Tools. Wat brauch ech wierklech? Wat fir Konsequenzen huet et, wann ech zB KI notzen?
An dësem Sënn beschäftege mir eis och mat KI an hirer Roll bezüglech vun Fake News, seet d’Nora Schleich Direktesch vun der EWB, déi haut op Workshopen opmierksam maache wëll.
Event: 5.02 an 12.02.2026
Fake News & Künstliche Intelligenz
Workshop mit Oli Koos
https://ewb.lu/event/fake-news-ki