Meteoritten si Steng déi ëmmer nees faszinéieren. Schonn eleng de Gedanken, dass dat ausserierdesch Objete sinn, léisst der Fantasie vun de Visiteure fräie Laf. Vill Leit wëssen awer net genau wat e Meteorit richteg ass, wat den Ënnerscheed tëscht engem Meteorit an engem Asteroid ass oder wat déi Stécker eis iwwert d’Entsteeung vum Sonnesystem verroden. An den Astellunge vum Naturmusée gëtt en doriwwer alles gewuer.
Den Eric Buttini, Responsabel vum Departement Astrophysik am Naturmusée, erzielt eis méi.