Am Interview gëtt erkläert, firwat Gesondheetstheemen am Alter eng ëmmer méi grouss Roll spillen a wéi wichteg Preventioun och no 60 bleift. Och wann d’Grondreegele vun enger gesonder Liewensweis fir all Alter gëllen, mussen Ernärung, Beweegung a Schlof un d’altersbedéngte Verännerunge vum Kierper ugepasst ginn. Besonnesch dee méi luese Stoffwiessel an de Muskelofbau maachen eng proteinräich a bewosst Ernärung méi wichteg.
Fir nach méi Leit ze erreechen, organiséiert de GERO vun dësem Joer un zesumme mam Service Senior eng Rei vu Konferenzen zu Bouneweg an an der Stad. Theeme si ënner anerem Ernärung 60+, gesonde Schlof, Alterskrankheeten, Demenz-Preventioun a Beweegung. Dobäi gëtt grousse Wäert op kompetent Expertinnen an Experte geluecht, déi Erfarung mam eelere Mënsch hunn. D’Zesummenaarbecht mat der Stad erlaabt et, d’Offer besser ofzestëmmen an de Leit Aktivitéiten an hirer Proximitéit unzebidden. De Message ass kloer: et gëtt vill Méiglechkeete fir och an der zweeter Liewenshallschent aktiv, informéiert a gesond ze bleiwen.