Wann et an enger Bezéiung oder engem Stot zum Schlëmmste kënnt, kann dat zu haislecher Gewalt féieren. An och wa Kanner vläicht net direkt der Gewalt ausgeliwwert sinn, si si trotzdeem Affer. An déi Gewalt kann och vill verschidde Formen unhuelen. D'Familljen-Mediatorin Anastasia Angelinoudi vum Familljen-Center huet méi Informatiounen.
Wann Dir Affer oder Zéie vun haislecher Gewalt sidd, fann Dir Hëllef ënner violence.lu oder bei der Police. Kanner a Jugendlecher kënne sech un de Kanner-Jugendtelefon wennen, d'Hotline ass ënner der Nummer 116111 ze erreechen.