Iessstéierunge sinn eescht psychesch Krankheeten, déi d'Iessverhalen an d'Kierperbild staark beaflossen. Si entstinn dacks aus enger Kombinatioun vu biologeschen, psychologeschen a soziale Faktoren. Iessstéierunge betreffe Leit vun all Alter, sinn awer am heefegste bei Jugendlechen a jonken Erwuessenen. Et geet net nëmmen ëm Iessen oder Kierpergewiicht, mee Iessstéierungen si komplex Krankheeten, déi enk mam Selbstwäertgefill, emotionalem Stress a sozialen Erwaardunge verbonne sinn. Ouni Behandlung kënne si negativ Konsequenze fir Gesondheet hunn, mee fréi Ënnerstëtzung verbessert d'Chancen op Heelung. Méi Informatioune ginn et vun der Psychologin Nadège Leonhard vun der Erzéiungs- a Familljeberodung.
arrow_back_ios
Aus dem Liewen
Erzeiungs- a Familljeberodung
Lauschteren
play_arrow
headphones
6 min
mic_none
Presentéiert vum
- Pit Walté