Esouwuel op lokalem, wéi och op nationalem an internationalem Niveau huet de Kannermusée Plomm 2025 aktiv u Projeten an Evenementer deelgeholl a sech parallel dozou a senger Offer duerch eng Ateliersprogrammatioun weiderentwéckelt. Gedroen duerch seng Visioun d’Kanner als responsabel Bierger a Biergerinne vun haut a muer wouerzehuelen an als Plaz vum Ausdrock, vum Nolauschteren a vum Deele baut de Kannermusée Plomm sech mat de Kanner an duerch si op.
En Interview mat der Manon Eicher vum Kannermusée Plomm. Weider Informatiounen op www.plomm.lu