Am Interview erkläert den Alain Brever, firwat de Joreswiessel eng gutt Geleeënheet ass, fir sech och am méi héijen Alter nei Virsätz ze huelen. Hien ënnersträicht, datt Verännerungen am Alter zwar méi schwéier fale kënnen, mee datt se besonnesch wichteg sinn - virun allem no der Pensioun, wann et dorëms geet, seng Fräizäit nei ze gestalten an en neie Rhythmus ze fannen.
Zuele weisen, datt eeler Leit manner grouss Ännerungen ugi wéi jonk Mënschen, obwuel grad am Alter Preventioun vill bewierke kann. De Kierper verännert sech mat der Zäit: de Stoffwiessel gëtt méi lues, d’Muskulatur baut of an och d’Gehier ass betraff. Déi gutt Noriicht ass awer, datt Beweegung, eng ugepassten Ernärung a sozial Aktivitéit vill positiv Effekter hunn - op de Kierper wéi och op de Geescht. Sport spillt eng zentral Roll, net nëmme fir d’Muskelen, mee och fir d’Gediechtnes an als Preventioun géint Demenz. Zum Schluss gëtt betount, datt realistesch Virsätz a perséinlech Initiativ wichteg sinn. Et ass ni ze spéit fir eppes ze änneren.