EFT oder emotiounsfokussiert Paartherapie gouf an den 80er Jore vun der Dr. Sue Johnson entwéckelt ginn an ass zënterhier ganz enk vun der Fuerschung begleet an evaluéiert ginn. Mëttlerweil kann ee soen, datt d‘EFT zu de wierksaamsten Therapië gehéiert fir Koppelen ze hëllefen.
EFT ass een integrativen Usaz a baséiert op den d'Erkenntnisser vun der Bindungswëssenschaft, woubäi e staarke Fokus op d‘Bindung an d‘Emotioune vun de jeeweilege Partner geluecht gëtt.
D'Zil vun der EFT ass eng sécher Bindung an nei Bezéiungserfarungen ënnereneen ze maachen. Et geet dorëms sech nees verbonnen ze fillen a Sécherheet ze spieren.