An der ErwuesseBildung ass et scho laang Traditioun Lëtzebuerger Kënschtler:innen ee Raum ze bidde fir hir Wierker auszestellen. Sief et am Beräich Fotographie, Tableauen oder an dësem Fall enger Billerbuchausstellung.
Vum 10. Januar u kann ee wärend 2 Wochen d’Wierk “Krixkrax”, geschriwwe vum Marc Weydert a mat Zeechnunge vun der Patty Thielen, erauskomm am Perspektiv Verlag, an d'Stad bewonnere kommen.
Mat iwwer 20 Tableauen a Concept-Art, deen de Prozess vum Billerbuchzeechnen méi no bréngt, begleet d’ErwuesseBildung Interesséierter a virun allem Famillen op eng Rees duerch de Lëtzebuerger Bestseller a bitt d’Méiglechkeet d’Originalbiller an d’Geschicht mat aneren Aen, unhand vun interaktive Féierungen, enger Liesung mam Auteur a kreative Workshoppen ze erliewen.
D’Ausstellung kann ee wärend den Ëffnungszäite vun der ErwuesseBildung kucke kommen, awer och un Atelieren deelhuelen. Méi Informatiounen dozou vun der Leslie Fischbach, Medienpädagoging an op www.ewb.lu.