Op siwe Meter Héicht bitt de Bam vun de Geschichten allerlee Aktivitéiten! Vun engem Labyrinth an de Wuerzele bis zu engem Bamhaus an engem Nascht an der Kroun vum Bam waarden iwwerall Geschichten an Aktivitéiten drop entdeckt ze ginn!
D’Visitt an d’Aktivitéiten am Bam vun de Geschichte variéiere jee no Saison a ginn op deen entspriechende Public ugepasst. Bis Januar fënnt beispillsweis eng geféiert Entdeckungsrees duerch de Bam vun de Geschichte fir Kanner vun 0 bis 12 Joer statt, zu ausgewielten Zäite kënnen allerdéngs nëmmen déi ganz Kleng vun 0 bis 4 Joer d’Wuerzelwierk fräi entdecken.
D’Sarah Thill vum Kannermusée Plomm gëtt weider Explikatiounen. Weider Informatiounen op www.plomm.lu