Nom grousse Succès vum éischte FLUX-Projet geet et elo mat FLUX² weider: engem Fuerschungsprojet zur Stuerzprophylaxe bei eelere Persounen, entwéckelt vum GERO zesumme mat der Universitéit Lëtzebuerg, LUNEX, Oeuvre Nationale a mam neie Partner CKFitness. Iwwer zéng Wochen trainéieren d’Participanten zweemol d’Woch mat professioneller Begleedung, wou kognitiv an motoresch Übunge kombinéiert ginn. D’Zil: erauszefannen, ob dës Kombinatioun méi effektiv ass wéi klassesch Bewegungstraining. Gesicht ginn Persounen iwwer 60 Joer ouni grouss Mobilitéitsaschränkunge, déi Loscht hunn, un hirer Stabilitéit a Fitness ze schaffen an deelzehulen un engem Fuerschungsprojet. Explikatioune mam Alain Brever Direkter vum GERO - Kompetenzzenter fir den Alter.
Start vum Training: Dezember 2025
Am CKFitness zu Bouneweg
www.gero.lu
E-Mail: info@gero.lu