Jugendlecher tëschent Dreem, Wënsch, Idoler a Reegelen:
Déi eegen Identitéit ze fannen ass e liewenslaange Prozess, deen net ëmmer einfach ass, awer richteg Spaass maache kann. Schrëtt fir Schrëtt entwéckele mir eis. Wënsch, Interessen a Wäerter kënne sech och iwwer d’Zäit veränneren.
Trau dech, Du ze sinn!
Beim KJT (Kanner-Jugendtelefon) gëtt et d’Méiglechkeet anonym, vertraulech a gratis ze schwätzen, ze schreiwen an ze chatten, iwwer all méiglech Theemen.
D’Zil vum KJT ass, datt Kanner a Jugendlecher net mat hire Suergen, Ängschten, Problemer a Froen eleng bleiwen. Datt si eng sécher Plaz kennen, wou si mat engem anonym a vertraulech schwätze kënnen, och iwwer esou Froen.
Invitée ass d’Helena Schmitz, Psychologin beim KJT. (www.kjt.lu)