Firwat Bëbeeën anescht wéi Erwuessener schlofen a wéi Eltere léieren, domat entspaant ëmzegoen.
D’Fro “Schléift en da schonn duerch?“ kennen déi meescht Elteren - a fillen dobäi heiansdo Drock oder Zweifel. Wéi e gesonde Bëbeeschlof wierklech ausgesäit, a firwat dat Duerchschlofen dacks e Mythos ass, erkläert d’Martine Blasius, Coordinatrice vum Service Berodung vun der Initiativ Liewensufank am Interview.
Bei der Baby Hotline (360598) komme reegelméisseg Uriff zu dësem Theema eran - de Schlof ass e Sujet, dee bal all Elteren zu ënnerschiddleche Momenter beweegt a vill Froen opwerfe kann.
(www.liewensufank.lu/de/consultation/de-baby-hotline)