Zanter Oktober 2025 ass déi éischt temporär Ausstellung LOVE - Eng Rees an d’Land vun der Léift erneiert - nei Erausfuerderunge waarden op de Public! 20 Installatiounen op 2 Etagen an insgesamt 500 m² weisen, datt d’Léift, déi dacks mat grousse Gefiller verbonne gëtt, ganz heefeg am Alldeeglechen entsteet a vill onsiichtbar Facetten huet. D’LOVE invitéiert dozou dës Facetten ze entdecken an dobäi festzestellen, datt Léift, och wa se net ëmmer gräif- a siichtbar ass, déi ganzen Zäit ronderëm eis ass.
Interview mat der Elisabete Bras Antunes vum Kannermusée Plomm. Weider Informatiounen op www.plomm.lu