De Männergrupp am Familljen-Center ass ee Groupe de Parole fir Männer a Pappen an Trennungssituatiounen bzw. a schwieregen Transitiounsmomenter no enger Trennung.
Den Austausch an de Peer-to-Peer-Learning tëschent Männer a Pappe kann eng wichteg Erfarung an Hëllefsstellung sinn a schwierege Phase vum Liewen, wéi zum Beispill bei enger Trennung. Sech géigesäiteg ze ënnerstëtzen an eng Plaz ze hunn, wou emotional Schwiereges awer och praktesch Ëmgangsweise gedeelt kënne ginn, kann eng wichteg Stäip am Ëmgang mat enger Trennung sinn. De Männergrupp vum Familljen-Center bitt déi Méiglechkeet fir Männer a Pappen an Trennungssituatioune schonn zënter enger Rei Joren un. Explikatioune mam Steve Legille, Psycholog-Psychotherapeut beim Familljen-Center (www.familljen-center.lu)