"Et leeft!", déi aktuell Ausstellung am Lëtzebuerger City Musée zum Theema Menstruatioun, bitt net nëmmen eng Villzuel u wäertvollen Informatiounen, mee fir de CID I Fraen an Gender bitt se och d'Méiglechkeet an d'Archiven ze dauchen, perséinlech Erfarungen ze sammelen, ze informéieren an och e politesche Bléck op d'Theema Menstruatioun a Gendergesondheet ze werfen.
Mir schwätze mat der Kathrin Eckhart, der Bibliothecairin vum CID, iwwer d'Ausstellung a wat de CID dozou bäigedroen huet.
Tipp: Ausstellung vum 10. Oktober bis zum 19. Juli 2026: https://citymuseum.lu/de/exhibition/et-leeft/
Quellen a Bicher am CID: www.cid-fg.lu; aktuel Literaturempfeelungen:
https://cid-fg.lu/wpcontent/uploads/2025/10/202509_Gendermedizin_Endometriose_Menstruation.pdf