Intressant Offeren op Facebook, Instagram a Co. sinn net ëmmer esou gutt, wéi se ausgesinn. Hanner bëllege Gadgeten a Spillsaache verstoppe sech heefeg problematesch Online- oder Fake-Shops mat verstoppte Käschten, laange Liwwerzäiten oder gefälschter Wuer. Besonnesch bei vernetzte Kaddoe bestinn Dateschutz- a Sécherheetsrisiken. Wéi kënne Kanner, Jonker an Elteren dës Falen erkennen?
De Jeff Kaufmann, Chargé de projets bei Bee Secure gëtt eis praktesch Tipps fir sécher ze shoppen a bewosst Entscheedungen ze treffen.