Trauer ass en Theema, dat eis all betrefft - besonnesch am Alter, wou Verloschter sech heefen. Beim éischte Virtrag vun eiser zweedeeleger Konferenzrei “Le deuil - Mieux le comprendre“ invitéiert de GERO den 28. November 2025 eng professionell Trauerbegleederin a Sophrologin, déi d’Mechanismen, d’Phasen a verschidde Forme vun Trauer beliicht. Net nëmmen de Verloscht vun engem Mënsch, deen engem no stoung, mee och vun Autonomie, Mobilitéit oder Aarbecht kann eng Trauerreaktioun ausléisen. D‘Konferenz hëlleft ze verstoen, wéi individuell Trauer gelieft ka ginn, wéi een ënnerscheet tëschent engem gesonden an engem problemateschen Trauerprozess an op wéi eng Manéier Ënnerstëtzung hëllefe kann. Et geet och dorëms, d’Tabuen ze briechen an de Message ze vermëttelen: Du bass net eleng - schwätz driwwer. Explikatioune vum Alain Brever. Direkter vum GERO - Kompetenzzenter fir den Alter.
Datum vum Event: 28. November an 11. Dezember 2025, zu Bouneweg beim GERO (www.gero.lu / Email: info@gero.lu)