Am Internet muss een oppassen, datt een net un déi falsch Persoun geréit a bedru gëtt. Dat ass näischt Neies. Mee dat gëllt awer elo net nëmme fir Saachen, déi ee keeft, oder fir Saachen, an déi een investéiert. Och wann et ëm d’Léift geet, muss een am Internet oppassen. Well soss kann een do Affer vu sougenannte Love Scams ginn.
Mat verschiddenen Tricker, déi Verbonnenheet a Léift virspillen, gëtt een dann dozou bruecht gréisser Zommen ze iwwerweisen.
D’Nadine Teusch, Psychologin a Psychotherapeutin beim ZEV, huet Explikatiounen. (www.zev.lu)