Am Kader vum Aktiounsplang 2.0 goufen eng Rei wichteg Etudë gemaach.
Firwat waren dës néideg, wat ass den ASP a wéi eng Erkenntnisser goufen doraus gezunn? Et gëtt erkläert, wéi de geplangten One Stop Shop d‘Prozedure fir Persoune mat Behënnerung vereinfache soll a firwat d’Aféierung vun der perséinlecher Assistenz esou eng grouss Bedeitung huet. Dobäi geet et virun allem ëm Selbstbestëmmung, Autonomie an d‘Méiglechkeet säi Liewen esou individuell wéi méiglech ze gestalten - ob doheem oder an enger Struktur. D‘Erkenntnisser aus den Etuden an de Workshoppe bidden eng wichteg Basis fir déi nächst Schrëtt a fir eng inklusiv Zukunft zu Lëtzebuerg. Invité beim Angie Maquil ass de Sascha Lang, Agent de Communication a Member vun der Unité PAN am Ministère de la Famille.
Méi Informatioune fannt Dir op www.inclusion.lu.