Zanter 2024 riicht sech d’Semaine de la démocratie et de la citoyenneté un d’Schüler a Schülerinnen aus dem Enseignement fondamental an der non-formeller Bildung. D’Editioun 2025 ass d’Resultat vun enger Zesummenaarbecht tëschent verschiddene Partner, déi sech fir eng méi partizipativ an engagéiert Gesellschaft asetzen. An dësem Kader organiséiert de Kannermusée Plomm eng Rei Evenementer zesumme mat verschiddene Partner, dorënner ënner anerem Konferenzen, Formatiounen an Ateliere fir Kanner an Erwuessener, déi mat Kanner schaffen.
En Interview mat der Jessica Gloden vum Kannermusée Pomm. Weider Informatiounen op www.plomm.lu / www.rights4kids.lu