KI-Chatbots kennen déi perfekt Frënn sinn, wa se engem Komplimenter maachen an Opmierksamkeet schenken. An dat ronderëm d'Auer an ouni Schutznetz. Dofir ass et problematesch, wann sech eng KI wéi de beschte Frënd ufillt, grad och fir Kanner a Jugendlecher. Se kenne geféierlech Tipps ginn an och richteg Frëndschafte verdrängen. Op wat muss een oppassen a wéi kann een och als Elteren dorobber reagéieren?
Explikatioune ginn et vun der Andra Matresu, Digital Media Literacy Coach beim ZEV
www.zev.lu