Fraenhaass ass keng individuell, momentofhängeg Emotioun, mee eng grondsätzlech, unerzunn Astellung. En ass e soziale, politeschen an ekonomesche System, den zu Muechtënnerscheeder féiert an all Mënsch ënnerdréckt, deen sech der patriarchaler Geschlechteruerdnung widdersetzt. Dat féiert dacks zu Gewalt. Déi däitsch Autorin an Affekotin Christina Clemm, déi am November op Lëtzebuerg kënnt, beschäftegt sech an hirem rezentste Buch mat genau dem Thema. Zanter iwwer 25 Joer vertrëtt Si Mënschen, déi vu geschlechtsspezifescher, sexualiséierter, rassistescher, queerfeindlecher a rietsextremer Gewalt betraff sinn. Och zu Lëtzebuerg steigen d’Zuelen an dem Beräich.
Explikatioune mam Ella Chambers, Chargée de Projets vum CID Fraen an Gender
https://cid-fg.lu/de/
TIPP :
Konferenz mam Christina Clemm : 06.11.2025 a der Abtei Neimënster
19:00 – 20:30: Lesung und Diskussion mit Christina Clemm „Gegen Frauenhass“ (DE)