Vill grouss Iddien, schéin Aventuren a kreativ Wierker fänken am Klengen un – och mat klengen Hänn! Ënner dësem Motto luet de Kannermusée PLOMM vun Oktober bis Januar déi Allerklengsten a fir ze spillen, ze entdecken a matzemaachen. An den Ausstellungen an Ateliere kënne Bëbeeën a kleng Kanner a Welten andauchen, hirer Fantasie fräie Laf loossen an eegen Iddien abréngen.
Dir héiert en Interview mam Nick Friedl vum Kannermusée PLOMM. A weider Informatiounen ginn et op www.plomm.lu.