Wat si queer Kanner- a Jugendbicher? Wéi eng si besonnesch gëeegent Kanner ze hëllefen, eng divers Welt ze entdecken?
Samschdeg, den 11. Oktober, invitéieren d'Associatiounen LEQGF an de CID | Fraen an Gender op eng Aktivitéit mam Zil queer Billerbicher fir Kanner ze entdecken. Dësen Atelier riicht sech u Fachleit vun der fréier Kandheet, un Enseignanten, Bibliothecairen, Elteren an all aner interesséiert Persoun.
Méi Informatiounen huet d'Kathrin Eckhart vum CID | Fraen an Gender. (www.cid-fg.lu)