Et geet drëm, wéi eng Famill den Internetzougank doheem verantwortungsvoll kann organiséieren. Wéi kann een d’Hardware a Software - vu Routere bis Apps - esou astellen, datt Kanner geschützt sinn an d‘Elteren d‘Kontroll behalen? Mir schwätzen iwwer getrennte Konten, Passwierder, Kannerkonten op Streaming-Plattformen, Smart-Home-Sécherheet a kloer Reegelen an der Famill mam Jeff Kauffmann, Chargé de projets bei BEE SECURE. Hie gëtt eis och praktesch Tipps fir sécher ze shoppen.
Fir weider Froen zum Theema kuckt online bei bee-secure.lu oder rufft un op der BEE SECURE Helpline 8002 1234. (https://www.bee-secure.lu/de)