Eppes geet am hekteschen Alldag, wou jiddereen no sech kucke muss, vill ze dacks ënner: D’Fro, wat Gemeinschaft eigentlech ass, wéisou mir se brauchen, a wat alles um Enn op hir opbaut.
An der EwB (ErwuesseneBildung) ass d’Theema Gemeinschaft zentral: jiddereen, vu Kleng bis Grouss, ass openeen ugewisen a soll net nëmme mateneen, mee och fir enee liewen. Schlussendlech ass et nämlech awer net de Besëtz deen zielt, mee d‘Qualitéit vun de Bezéiungen, de Frëndschaften, dem Ëmfeld, déi fir d’Wuelbefanne wichteg ass! Explikatioune vun der d’Nora Schleich, Programmcoordinatrice vun der EwB
Méi Infoen zu den Events: www.ewb.lu
Doku Debates - d’Theema Gemeinschaft am Film@ CAPE Ettelbruck
13.10. | 18.00-19.30 op Däitsch - Umelle via info@ewb.lu, Infoen op www.ewb.lu
Philo-Workshop zum Theema Gemeinschaft beim Philosoph John Dewey@CAPE Ettelbruck
13.01. | 18.00-19.30 op Däitsch - Umelle via info@ewb.lu