Zënter 2024 ass de Kannermusée PLOMM e Centre de Ressources fir déi non-formal Bildung zu Lëtzebuerg. Mam Schwéierpunkt op der Participatioun vu Kanner huet de PLOMM d’Zil, dem Fachpersonal aus dem Bildungssecteur pedagogesch Ënnerstëtzung unzebidden an dobäi Methode vun der non-formaler Bildung weiderzeentwéckelen an ze fërderen.
Duerch Konscht a Kultur lieft a fërdert de PLOMM d’Participatioun vu Kanner. Duerch kënschtleresch a kulturell Erliefnisser gi Kanner tëschent 0 an 12 Joer dozou ugereegt, hir Kreativitéit an hiert kritescht Denken ze entwéckelen a sech auszetauschen. Esou erméiglechen déi permanent Ausstellung “De Bam vun de Geschichten” an temporär Ausstellunge mat enger op de Public ugepasste Mediatioun, de Kanner an ënnerschiddlech Welten anzedauchen. Duerch participativ Atelieren a Projete gi si invitéiert, hir Iddien auszedrécken, fir esou zu Fuerscher:innen, Entdecker:innen a Kënschtler:innen ze ginn. Explikatioune mat der Paulina Dabrowska vum Kannermusée PLOMM
www.plomm.lu.