Eng Trennung oder Scheedung ka vill Froen an Onsécherheeten opwerfen, soubal Kanner mat dovunner betraff sinn: Wéi a wéini soll een et am beschten de Kanner matdeelen? Wéi erliewen d’Kanner dës Phas a wéi kann een am beschten op si agoen? Wéi kann ee sech als Elteren esou organiséieren, datt d’Kanner weiderhin e gereegelten Oflaf hunn? Wat ass e Loyalitéitskonflikt a wéi kann een dësen evitéieren? Dës a nach weider Froe gi wärend
den Informatiounsowenter thematiséiert, déi zweemol am Joer (gratis) op Franséisch an Englesch ugebuede gëtt an. Invitée ass d'Psychologin Corinne Bock vum Familljencenter.
Weider Informatiounen zum Theema fënnt een ënner Separation/Divorce: https://www.familljen-center.lu/publications.