KI hëlt keng objektiv Decisiounen. Si ka Muechtverhältnisser a Virurteeler déi bestinn op nei Aart a Weise reproduzéieren. De CID | Fraen an Gender diskutéiert dës Aspekter den 10. Juni mat der KI-Expertin Eva Gengler: Wéi eng Muechtstrukture spigele sech an der KI, wou fänkt Ongerechtegkeet un, a wéi eng feministesch Perspektive kënne wierksam dogéint steieren? Invitée ass d'Kathrin Eckhart vum CID | Fraen an Gender.
D'Konferenz ass um 19:00 an der Chambre des salariés.