Participatioun mat Kanner vun 0 bis 6 Joer
D’Kanner sinn d’Experte vun hirer Liewenswelt, mee fir Kannerparticipatioun och ze liewe brauch et e Raum an eng oppen Haltung vun alle Bedeelegten.
D’Kanner an déi Erwuesse mussen e Verständnis vu Participatioun entwéckelen a fäeg sinn d’Recht op Participatioun ze erkennen an ëmzesetzen. Kannerparticipatioun ass e laangfristegen an nohaltege Prozess, deen net nëmmen zäit- mee och ressourcenintensiv ass.
D’Erfarungswelt vu Kanner tëschent 0 a 6 Joer spillt sech an der Famill, an der Dagesbetreiung, an der Schoul, an der Fräizäit an am Frëndeskrees, souwéi och an der Gemeng of. Och ganz jonk Kanner vu 4 Méint un ënnersichen hir Ëmwelt beispillsweis mat den Hänn a mam Mond a kënne sech doduerch austesten an Interessen entfalen. Erwuessener kënnen hir Handlungen da beobachten an dës verbaliséieren. Entwécklungsbedéngt kënne Kanner dann och vu 4 Joer u schonn aktiv hiren Alldag matbestëmmen, well si vu sech op hir Ëmwelt schléissen, Alldagsreegele kennen a sech och deemno verhalen. Kannerparticipatioun am Plomm, e grousst Theema. Explikatioune mat der Manon Eicher, Directrice vum Kannermusée.