Et gëtt am Moment vill geschwaat, datt d'Kanner manner Zäit virum Ecran solle verbéngen. Am Alldag ass dëst fir d’Elteren eng grouss Erausfuerderung. D’Kommunikatioun a wéi ech mat menge Kanner diskutéieren spillt hei eng wichteg Roll.
Wéi schwätze mir respektvoll mateneen a wéi wichteg sinn all déi Saachen, déi eigentlech net gesot ginn? A wéi ass et da mam „Nolauschteren“? Och dat muss ee léieren! A wat huet dat alles mat engem Äibierg ze dinn?
Doriwwer schwätze mer mat der Jeanine Schumann, Chargée de Direction vun der Eltereschoul.
Erausgepickt:
Mëttwoch, 28.05.25 / 15.00-18.00 Auer
D’Eltereschoul ass mat engem Stand an Animatioun op der Bildungslandschaft Spillstrooss zu Esch.
Eng flott Alternative zu Tablett, Handy etc…
Esch/Alzette, rue de l’industrie
www.kannerschlass.lu