"Firwat solle mir léiere fir eng Zukunft, déi et vläicht guer net méi gëtt?“ freet sech e Jugendlechen no enger Fridays for Future-Demo. An dësem Saz läit keng Liichtegkeet, keng Opbrochstëmmung, kee “mir gehéiert d’Welt-Feeling“, mee éischter Frustratioun, Angscht a keng Perspektiven. An enger Welt, déi vun enger globaler Klimakris, vu Krich an anere Krise geprägt ass, stelle sech déi Jugendlech vill Froen: Wat mécht dann eigentlech nach Sënn? Firwat studéieren oder eng Ausbildung maachen, wa mäin Job herno eng KI mécht? Wat kann ech dozou bäidroe fir d’Welt ze retten?
D'Nummer vun der KJT-Helpline ass den 116 111.
Mat der Carmen Weyer (M.A.) Pädagogin/Klinische Hypnotherapeutin (M.E.G.) vum KJT (www.kjt.lu)