Den Trend vun de KI-Begleeder gëtt ëmmer méi grouss. De Peter Bieg vum Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht (ZEV) erkläert, wat derhannert stécht, wéi dës virtuell Frënn funktionéieren, firwat se fir vill Mënschen attraktiv sinn, mee och wéi eng Gefore se mat sech bréngen.
Wéi eng Auswierkungen hunn esou virtuell Bezéiungen, wéi eng Responsabilitéit hunn d'Firmen dohannert, a wéi eng Hëllef bitt den ZEV Betraffener?