Am Krich verschäerfe sech déi Diskriminéierungen, déi mir och an Zäite vu Fridden erliewen. Dozou zielt och déi strukturell Benodeelegung vu Meedercher a Fraen. Fir déi gendersensibel Dimensioun vu Kricher méi am Detail ze diskutéieren, invitéiert de CID | Fraen an Gender de 6. November op eng Konferenz mat der Dr. Monika Hauser an den Neimënster. Am Kader vun dësem Owend soll doriwwer diskutéiert ginn, wéi eng Roll Fraen an der Friddenssécherung spillen, wéi ee Lien et tëschent dem Patriarchat an dem Asaz vu sexualiséierter Gewalt am Krich gëtt, a wéi eng Mesuren noutwenneg sinn, fir nohaltege Fridde fir all Mënsch ze garantéieren. Eng zentral Viraussetzung dofir sinn ënner anerem d’Ëmsetze vu Geschlechtergerechtegkeet an d’Bekämpfe vun Diskriminéierung a Gewalt, erkläert d’Claire Schadeck vum CID | Fraen an Gender (www.cid-fg.lu)
arrow_back_ios
Aus dem Liewen
CID - Fraen an Gender
Lauschteren
play_arrow
headphones
4 min
mic_none
Presentéiert vum
- Pit Walté
Episoden
Initiativ Liewensufank
„Eng Fro, e Gespréich an e bëssen Entlaaschtung.“ Firwat d’Baby Hotline Elteren de Réck stäerkt.
Naturmusée
Kee Gëft an de Gaart! De Gaart "Ënner dem Kiischtebam" vum Naturmusée
ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht
Wenn Jugendliche selbst einen Podcast gestalten, um Wege zu einem gesunden Umgang mit ihrer digitalen Welt zu finden.
CID | Fraen an Gender
De Wee fir op d’Aarbecht - méi wéi just am Stau stoen
Erzeiungs- a Familljeberodung
Kanner brauche Pappen - Firwat d’Relatioun tëschent Papp a Kand esou wichteg ass.