Déi schottesch Indie-Rock-Band The Twilight Sad gëtt et elo zanter zwanzeg Joer. Hirem Numm hu si schonn ëmmer Éier gemaach an op hire Placken éischter déi méi melancholesch Säit vum Liewen erfuerscht ... wat a priori vläicht éischter Charaktersaach ass. Si deelen dës Tendenz mat hire Landsmänner Mogwai, där legendärer Post-Punk Band vu Glasgow, déi si op hirem Label Rock Action ënnerbruecht hunn, a mat villen anere Bands an hirem Genre. Wat ass besonnesch op hirem sechsten Album “It’s The Long Goodbye?”
arrow_back_ios
Album vun der Woch
The Twilight Sad - It’s The Long Goodbye
Lauschteren
play_arrow
headphones
10 min
mic_none
Presentéiert vum
- Marc Clement
Episoden
The Twilight Sad - It’s The Long Goodbye
D’Metaphere verschwannen, d’Texter si réi an direkt, gepräägt vun direkten Ausriff a Protest: “No, I can’t let this happen to you / I won’t let this happen to you” ...
Charlotte Cornfield - Hurts Like Hell
Alternativ Country-Kläng a Geschichten aus dem Alldag: kléngt onspektakulär, mee net wann se esou humorvoll a lëfteg kléngt wéi bei der Charlotte Cornfield.
James Blake – Trying Times – Léift ass awer d’Äntwert, oder?
Dem englesche Museker a Produzent James Blake seng éischt independent Release.
Kim Gordon - Play Me
En Album géint den Trumpismus an AI - mat “Play Me” liwwert d’Kim Gordon Protestsongs mat uerdentlech Bass.
Baby Keem - Ca$ino
De Baby Keem huet seng Fans fënnef Joer laang op nei Musek waarde gelooss. Ouni grousse Roll-Out huet hie säi véierte Studio Album “Ca$ino” elo erausbruecht.
Dominique Fils-Aimé - My World Is The Sun
Eisen Album un der Woch ass eng Soul Plack, méi genee déi 5. Plack vun der kanadesch-haitianescher Musekerin Dominique Fils-Aimé.
Danny L. Harle - Cerulean
Hyperpop a Popdiven: Op “Cerulean” liwwert den Danny L Harle e musikalescht Overstatement.
Luke Temple - Hungry Animal
Radiohead begéint Nick Drake: Tëschent Indie a Folk, 1970 an 2026, fënnt de Luke Temple Melodien an Arrangementer, déi begeeschteren a beréieren.
Labrinth - COSMIC OPERA ACT I
De Labrinth, mat richtegem Numm Timothy Lee McKenzie, ass e brittesche Sänger, Songwriter, Rapper a Produzent.
PVA – No More Like This
En Enn an en Neiufank
Sleaford Mods - The Demise Of Planet X
Gesellschaftskritik mat uerdentleche Beats a rabiate Lyrics.
Am Chaos awer nach Spaass hunn: A$AP Rocky – Don’t Be Dumb
8 Joer huet et gedauert bis den A$AP Rocky endlech säin neien Album erausbruecht huet.
Dry Cleaning - Secret Love
Mat dadaisteschen Texter a Post-Punk Gittare setzen Dry Cleaning op “Secret Love” en Zeeche géint de Pessimismus.
E musikalescht Freedefeier
Mat grousser Spillfreed wiesselt déi franséisch-brittesch Musekerin Clémentine March op hirem neien Album "Powder Keg" tëschent Sproochen a Stiler.
Dove Ellis - Blizzard
Poppege Chamber-Folk mat poetesche Lyrics iwwer d’Léift bitt den Dove Ellis op sengem Debutalbum “Blizzard”. E waarmen, melancholeschen Disk fir déi kal a besënnlech Joreszäit.
Cabin In The Sky - De La Soul och ouni den Dave?
Ee vun de Memberen, den Dave, ass am Joer 2023 leider verstuerwen. Mee déi aner zwee Memberen hunn et fäerdeg bruecht en Album ze maachen, deen net an der Trauer hänke bleift.
Nightmares on Wax - Echo45 Soundsystem
Zanter ronn 30 Joer ass hien eng vun de wichtegste Figuren aus dem Trip Hop.
Hélène Barbier - Panorama
Absurditéit an Distortioun: Op hirem drëtten Album “Panorama” danzt déi franséisch Indierockerin Hélène Barbier aus der Rei.
Sorry - COSPLAY
Mat hirem drëtte Longplayer “Cosplay” beweege Sorry sech elo an eng nei, méi performativ Welt.