“Blizzard” ass zwar keen explizitte Chrëschtdagsalbum, mee den Timing vum Release ass schonn zimmlech passend, well et een Disk ass, dee bei dës besënnlech, introspektiv an och festlech Joreszäit passt. Et ass Folk, et ass Indierock, et ginn awer och immens vill orchestral Aflëss. Mir héieren niewent Gittar a Piano och nach Cello, Géi, Saxofon oder Akkordeon. D’Stécker si mol immens saturéiert an dense, de Saxofon danzt aus der Rei oder eng Flütt schläicht sech eran. Dann awer och mol immens reduzéiert, roueg, opgeraumt. An hei an do souguer dës béid Stëmmunge mateneen, zum Beispill am Song “Love is”, dee mat engem ganz melancholeschen, duusse Piano ufänkt an da reegelrecht an e poppege Folkhit explodéiert. E Song doriwwer, wat d’Léift alles net ass. Klenge Spoiler: et ass net d’Äntwert op all Problemer.
arrow_back_ios
Album vun der Woch
Dove Ellis - Blizzard
Lauschteren
play_arrow
headphones
8 min
mic_none
Presentéiert vum
- Max Tholl
Episoden
Danny L. Harle - Cerulean
Hyperpop a Popdiven: Op “Cerulean” liwwert den Danny L Harle e musikalescht Overstatement.
Luke Temple - Hungry Animal
Radiohead begéint Nick Drake: Tëschent Indie a Folk, 1970 an 2026, fënnt de Luke Temple Melodien an Arrangementer, déi begeeschteren a beréieren.
Labrinth - COSMIC OPERA ACT I
De Labrinth, mat richtegem Numm Timothy Lee McKenzie, ass e brittesche Sänger, Songwriter, Rapper a Produzent.
PVA – No More Like This
En Enn an en Neiufank
Sleaford Mods - The Demise Of Planet X
Gesellschaftskritik mat uerdentleche Beats a rabiate Lyrics.
Am Chaos awer nach Spaass hunn: A$AP Rocky – Don’t Be Dumb
8 Joer huet et gedauert bis den A$AP Rocky endlech säin neien Album erausbruecht huet.
Dry Cleaning - Secret Love
Mat dadaisteschen Texter a Post-Punk Gittare setzen Dry Cleaning op “Secret Love” en Zeeche géint de Pessimismus.
E musikalescht Freedefeier
Mat grousser Spillfreed wiesselt déi franséisch-brittesch Musekerin Clémentine March op hirem neien Album "Powder Keg" tëschent Sproochen a Stiler.
Dove Ellis - Blizzard
Poppege Chamber-Folk mat poetesche Lyrics iwwer d’Léift bitt den Dove Ellis op sengem Debutalbum “Blizzard”. E waarmen, melancholeschen Disk fir déi kal a besënnlech Joreszäit.
Cabin In The Sky - De La Soul och ouni den Dave?
Ee vun de Memberen, den Dave, ass am Joer 2023 leider verstuerwen. Mee déi aner zwee Memberen hunn et fäerdeg bruecht en Album ze maachen, deen net an der Trauer hänke bleift.
Nightmares on Wax - Echo45 Soundsystem
Zanter ronn 30 Joer ass hien eng vun de wichtegste Figuren aus dem Trip Hop.
Hélène Barbier - Panorama
Absurditéit an Distortioun: Op hirem drëtten Album “Panorama” danzt déi franséisch Indierockerin Hélène Barbier aus der Rei.
Sorry - COSPLAY
Mat hirem drëtte Longplayer “Cosplay” beweege Sorry sech elo an eng nei, méi performativ Welt.
Juana Molina - Doga
Elektronesch an awer organesch kléngen d'Kompositioune vun der Juana Molina: Hir Sounds entstinn am Moment a verstinn et, Stëmmungen anzefänken.
Majken - Korus
Experimentelle Pop a reliéis Zweifel verbënnt déi schweedesch Kënschtlerin Majken op hirem neien Album “Korus".
Tame Impala - Deadtbeat
Den australesche Multi-Instrumentalist Kevin Parker huet elo säi fënnefte Studio Album erausbruecht, mam Titel “Deadbeat".
Geese - Getting Killed
Och wann de Geese-Frontmann Cameron Winter heiansdo wierklech jodelt, wéi wann et geschwënn ëm hie gedoe wier: aus de Chaos entstinn Hooks, déi een esou einfach net vergësst.
Flock of Dimes - The Life You Save
Op hirem neien Album léisst di amerikanesch Indie-Kënschtlerin Flock of Dimes ganz déif an hier Emotioune blécken. E Wierk iwwer Ofhängegkeet a Lassloossen.
Taylor Swift - The Life of a Showgirl
Fir Taylor-Swift-Fans huet leschte Freideg (03.10.) eng nei Era ugefaangen. Mat “The Life of a Showgirl” koum do nämlech offiziell deen 12. Album vun der Taylor Swift eraus.