De Cass McCombs ass ee vun deene Kënschtler, déi sech net esou einfach an een Tirang stieche loossen. Mee e puer treffend Bezeechnunge sinn him iwwert déi lescht 23 Joer ugepecht ginn, dorënner Troubadour, oder och nach Songwriter‘s Songwriter, also ee Lidderschreiwer fir aner Lidderschreiwer. Ganz stëmmt dat net well et muss een net Museker sinn, fir dem McCombs seng Subtilitéit ze appreciéieren.
Seng nei an 13. Studioplack “Interior Live Oak“ gouf an der Wéi vu senger Musekerkarriär, zu San Francisco, opgeholl, mat Hëllef vun ale Kolleegen aus der Bucht, dem Jason Quever vu Papercuts an dem fréie Collaborateur Chris Cohen fir der zwee ze nennen, an e puer New Yorker, déi Zäit haten, eriwwerzefléien.
Et ass vill Musek, déi “Interior Live Oak“ ze bidden huet, ganzer 16 Stécker, vill dovun iwwer 7 Minutte laang, wat dëst a Vinylform zu engem Duebelalbum mécht. De McCombs erfënnt sech net nei, Folk, Country, Jazz a Rock vermësche sech zu enger Erzielform, déi weder ze beandrocken nach ze provozéiere versicht, oder bräicht. Nuancéiert an duerchaus literaresch wäertvoll, zéien d‘Texter duerch Geschichten an Detail-räich, poetesch Biller, déi een direkt um Opener “Priestess” eranzéien, mat enger klenger Referenz un d‘Ella Fitzgerald an een Engel vu Montgomery, hanner deem sech eng verstuerwe Frëndin verstoppt.
Vun hei aus geet d‘Rees duerch ganz Landschafte vun Americana, jangly Indie-Rock a Soul-Elementer, a fleegt ee ganz haptesche Rapport mat der Emotioun an der Musek. D‘Längt vum Album kann engem opwenneg virkommen, mee et klëmmt een an d‘Plack wéi an een Zuch, am volle Bewosstsinn, datt ee se kann op sech wierke loossen. D‘Arrangementer fléissen organesch aneneen, ni huet een d‘Gefill, duerch Album-Opfëllmaterial oder iergendeppes manner wéi ee vollkommene Song ze reesen. “Missionary Bell” ass eng onwarscheinlech expressiv Ballad, “I Never Dream About Trains”, d‘Lead Single vun der Plack kënnt als traurege Walzer, wärend “Peace” charmant an nervös am Plaz friddlech kléngt. Ironie, Kritik un der Konsumgesellschaft a Witz fanne mir op “Juvenile“ mat sengem Devo-änlechen Uergel-Riff, ee kloren Héichpunkt.
Duerch dat alles zitt sech dem McCombs seng räif, perséinlech Stëmm als angeneeme Begleeder duerch klanglech Landschaften. “Middle-aged in a good way”, huet de Museksblog Pitchfork iwwer dës Plack geschriwwen, an dat mécht Sënn. Poséiert, ouni d‘Stëmm ze hiewen, a voller Léift fir d‘Liewen a seng kleng Detailer kréie mir hei e bësse Beobachtungsgab, e bësse Liewenswäisheet, e bësse Freed a vill immersiv Geschichte gebueden. Raffinéiert schmëlzen d‘Texter zesummen an eng vun de bis elo flottste Songwriterplacke vum Joer.