Den Jerry Garcia (1942-1995) war de Bandleader vun der legendärer US-Jamrock-Formatioun Grateful Dead, huet awer och mat eegener Band an a villen Zesummenaarbechte Placken erausbruecht. Dacks sinn et bei him laang Stécker déi - besonnech live - vill Improvisatioune vun alle bedeelegte Museker proposéieren, seele gëtt dobäi op d‘Auer gekuckt, et rullt gemittlech an nawell gären op eng absolut laidback Manéier …
Mat den zwou US-Bands Moonalice a Moses Guest sinn zwou méi rezent Formatiounen derbäi, déi vill am Grateful Dead-Stil spillen, den Titel “Bird Song” ass dann och am Original eng Co-Kompositioun vum Jerry Garcia.
De Chris Robinson hat ufanks den 90er senger Band Black Crowes eng Zäit laang de Réck gedréit an huet als Chris Robinson Brotherhood gerockt ... dat meeschtens och mat entspaante Gittaresound. Eis zwee Tracke kommen allebéid vum Debutalbum aus dem Joer 1992. Antëschent sinn d’Black Crowes erëm zesummen.
Playlist:
1. Moonalice - Fair To Even Odds (Dave’s Way Vol. 6, 2011)
2. Moses Guest - Wheel (Best Lait Plans, 2007)
3. Moonalice - Bird Song (Cool Cats, 2024)
4. Jerry Garcia Band - Cats Under The Stars (live) (Fall 1989 - The Long Island Sound, 2013)
5. Jerry Garcia Band - That What’s Love Will Make You Do (live) (Garcia Live Vol. One, 2013)
6. Chris Robinson Brotherhood - Rosalee (Big Moon Ritual, 2012)
7. Chris Robinson Band - 100 Days Of Rain (idem)
8. The Allman Brothers Band - Southbound (Brothers And Sisters, 1973)