Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
D'Fräihandelsofkomme sinn an der Lescht mat den Stëchwierder T-TIP respektiv CETA vill an der Diskussioun gewiescht, an dacks kritiséiert ginn. Zanter iwwer 10 Joer ass den Thema Fräihandelsofkommes, “Accord de Partenariat économique”, kuerz APE, och an de westafrikanesche Länner en Thema, an zanter Ufank vun dësem Joer akut, am Juli ass e Fräihandelsofkommes tëscht der europäëscher Unioun an der Gemeinschaft vun den westafrikanesche Länner(CEDEAO) ënnerschriwe ginn. Dësen Accord kann a Kraaft trieden, soubal déi verschidden implizéiert Staaten e ratifizéieren. Dogéint wiere sech awer aner Acteuren, notamment de ROPPA, “Réseau des organisations paysannes et de producteurs agricoles de l’Afrique de l’Ouest”. Iwwert dësen “historeschen Iertum”, dee ka garvéierend Konsequenzen fir souwuel Westafrika, wéi Europa hunn, huet d’Nathalie Bender sech mam Marine Lefèbvre vun SOS Faim ënnerhalen. (Rediff. vu 7.40)12.59 Meteo