Invité:e vum Dag
Dossier vum Dag
Am südwestlechsten Eck vun eisem Land, tëscht Péiténg, Lamadelaine, Rodange an Déifferdéng läit, ganz no un der franséischer Grenz, de Fond de Gras, eng vun den intressanteste Plazen net nëmmen am Minett. Haut gëllt den Dall als Touristenattraktioun, wou kulturellen an industrielle Patrimoine erhale gëtt, do wou bal 100 Joer laang an de Galerien Minett fir d’Schmelzen oofgebaut gouf. Am Parc Ferrovier et industriel vum Fond de Gras kann ee sech e Bild maachen, wouraus de Räichtum vum Land geschafe gouf. Den Dossier vum Dag vum Jean-Pol Roden