Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
15 min
Den däitsch-franséische Journalistepräis ass een vun de renomméiertsten europäesche Mediepräisser a gëtt all Joer a 4 Kategorië verginn fir besonnesch Leeschtunge vu Journalisten oder Redaktiounen ze belounen, déi sech direkt oder indirekt mat engem däitsch-franséischen Thema beschäftegt hunn, respektiv probéiert hunn d’Verstoe vun däitschen oder franséischen Theme méi einfach ze maachen.De fräie Journalist Clemens Hoffmann huet dëse Präis an der Kategorie Audio kritt, fir säi Radio-Feature “Das Kartell der Perlen – Wie die Champagne die Preise macht”. D’Nathalie Bender huet sech mam Clemens Hoffmann iwwert de Präis an d’Thema ënnerhalen.(Rediff. um 13.20)