Konferenzen
Und sind wir in Amerika - dann singen wir Victoria
56 min
Lëtzebuerg war am 19. Joerhonnert en Emmigratiounsland. Vill Leit goungen an Amerika. Wat waren hir Grënn fir auszewanderen? Wéi gouf esou eng Rees décisiv geplangt? Wou an den USA hunn d’Lëtzebuerger sech néiergelooss? A wéi hunn Auteuren heiheem an op der anerer Säit vum Grousse Pull dës Emigratioun gesinn?
Aus literareschen Texter an historesche Quellen huet de Mars Klein e Collage zesummegestallt mat Äntwerten op esou Froen. Ze héiere sinn dernieft amerikanesch a lëtzebuergesch Vollekslidder aus dem 19. Joerhonnert.